Jongbaueren &
 Landjugend Zenter

Op villen Ebenen aktiv

Nieft Berodung an Diskussiounen iwwer allgemeng Themen, déi fir äis wichteg sinn, zielt d’Virbereedung op d'Liewen an op déi gesellschaftlech Erausfuerderungen zu den Haaptaufgaben vun eiser Organisatioun, déi parteipolitesch a gewerkschaftlech neutral ass. Doniewend maache mir äis staark fir d’Entwécklung vum ländleche Raum - sief dat heiheem oder am Kader vun der Entwécklungszesummenaarbecht an Afrika. 

Deemno organiséieren mir regelméisseg Informatiounsowender fir eis Memberen a Symphatisanten, wou berufsspezifesch Themen behandelt ginn. Dës Weideren organiséiere mir all Joer een Inlandstour mat Visite vun engem Industrie-Betrib an engem Bauerebetrib. 

Ausser dësen méi sérieusen Aufgaben leeë mir awer och Wäert drop, fir vill fräizäitlech a kulturell Aktivitéiten mateneen ze ënnerhuelen. Am Wanter gi mer Ski fueren an am Fréijoer si mir ëmmer op sëlligen Cavalcaden präsent.

Landjugenddag

Déi jonk an dynamesch Landjugendgrupp Zenter kann op vill grouss Manifestatiouen zréckkucken.  Eng dovunner ass de Landjugenddag, dee mir well 6 mol organiséiert hunn: 
- de 4. Landjugenddag am Joer 1978 zu Grousbous
- den 12. Landjugenddag am Joer 1986 zu Useldéng
- den 20. Landjugenddag am Joer 1994 zu Brouch
- den 28. Landjugenddag am Joer 2002 am Preizerdaul
- den 35. Landjugenddag am Joer 2009 zu Ell
- den 42. Landjugenddag am Joer 2016 zu Biekerech

Landjugend-Power-Aktioun

Bei dëser Aktioun, déi zënter dem Joer 2000 an am Rhythmus vun 2 Joer leeft, engagéieren sech déi 7 regional Landjugendgruppe vun der Lëtzebuerger Landjugend a.s.b.l. (LLJ-Cliärref, LLJ-Dikkrich, LLJ-Furen, LLJ-Maacher, LLJ-Süden, LLJ-Uewersauer, LLJ-Zenter) op benevoler Basis, fir e Projet am Interessi vun der Allgemengheet ze realiséieren. Während der Aktioun, déi sech op 36 Stonne limitéiert, hunn d’Memberen aus de Gruppe vun der Landjugend d’Aufgab, eng gemeinschaftlech Aarbecht duerchzeféieren, déi der lokaler Bevëlkerung am ländleche Raum zegutt kënnt. 

Engagement keen eidelt Wuert

Wéi uewen scho kuerz ernimmt, ass am Zenter d’Solidaritéit mat de manner bemëttelte Länner keen eidelt Wuert. Zënter 1991 organiséiere mir regelméisseg den Dag vun der Kooperatioun. Den Erléis vun dëser flotter Manifestatioun fléisst jeeweils integral an Kooperatiounsprojeten vun der ONG Lëtzebuerger Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.. 

Fuesend

Nodems jorelaang net méi un enger Cavalcade deelgeholl gouff, hat den deemolege Comité décidéiert déi aal Traditioun nees anzeféieren an hat fläisseg dru geschafft ee Won ze organiséieren. Wéi d'Thema bis fest war, stung dem opriichten näicht méi am Wee, sou dass déi ganz Ekipp am Februar 2017 zu Dikkrich un der Cavalcade deelhuele konnt. 
Eis Themen
- 2017: Pokémon Go
- 2018: Party Prisong Suessem
- 2019: Panzerknacker 
- 2020: Villa Traversini
- 2022: Schneewittchen & die 7 Zwerge
- 2023: Hôpital mobile du N0rd

Mähdreschercross

Den „Zenter” huet sech mëttlerweil och mat sengem "Mähdreschercross" en Numm gemaach. Den 1. internationalen „Mähdreschercross“ war den 10. September 1995 zu Rammerech. Vun do u gëtt de Mähdreschercross am Zwee-Jores-Rhythmus organiséiert an zielt an der Tëschenzäit iwwer 6.000 Spectateuren.