Häerzlech Wëllkomm op der 42. Editioun vum Landjugenddag
Wuert vum President
Am Numm vun der Landjugend Zenter lueden ech Iech alleguerte ganz häerzlech an op den 42. Landjugenddag.
No der Organisatioun duerch eise regionale Landjugendgrupp vum 4. Landjugenddag zu Groussbus (1978), 12. Landjugenddag zu Useldeng (1986), 20. Landjugenddag zu Brouch/Mariendall (1994), 28. Landjugenddag am Préizerdaul (2002) a 35. Landjugenddag zu Ell (2009), treffe mir äis hoffentlech dëst Joer, de 5. Mee zu Biekerech am „Wëlle Westen“. Et ass deemno fir déi sechste Kéier, datt den „Zenter“ alles dru setzt, fir datt och déi 42. Editioun vum Landjugenddag e Succès ka ginn.
A menger Funktioun als President sinn ech deemno besonnesch houfreg op déi aktuell Equipe vun der Landjugend Zenter, déi mat grousser Begeeschterung a fläissegem Asaz un de Preparatioune vun dësem groussen Evenement bedeelegt ass. Och wann esou eng Manifestatioun fir den Organisatiounscomité ganz vill Aarbecht an Nerve kascht, si seng Memberen all iwwerzeegt, datt si Iech dëst Joer op en Neits en ofwiesslungsräiche Programm an e spannende Rallye mat vill Nervenkitzel ubidde kënnen. Duerch de Millewee a Richtung Hitten, iwwert de Leiterengshaff an duerch déi schéi Bëscher vun der Gemeng Biekerech, fënnt Jonk an Al, Grouss ewéi Kleng, mat Sécherheet d‘Geleeënheet fir nei Bekanntschaften ze maachen an dobäi e flotten Dag ze verbréngen. Och un déi Allerklengst hu mir geduecht, esou datt de ganzen Tour vum Rallye mat der Kannerkutsch befuerbar ass.
Loosst mech vun der Geleeënheet profitéieren, fir de Verantwortleche vun der Gemeng Biekerech, dem Ministère de l‘Éducatioun nationale, de l‘Enfance et de la Jeunesse, an all eise Sponsoren e grousse Merci ze soen, fir hir Ënnerstëtzung. Ouni hir Hëllef wier et äis net méiglech, dësen Dag ze organiséieren. E besonnesche Merci geet awer och un all eis Memberen, Ancienen an all Eenzelnen, deen äis op verschiddenst Manéier ënnert d’Äerm gegraff huet an och um Dag selwer aktiv ass, fir näischt dem Zoufall ze iwwerloossen.
Fränz Kass
President vun der Landjugend Zenter
Programm
- 10:00 Auer: Jugendmass mat dem Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich an der Porkierch zu Biekerech & Musikaleschen Encadrement duerch VoiceMotion
- 11:00 Auer: Éierewäin am Pompjeesbau zu Biekerech ugebuede vun der Gemeng Biekerech
- 12:00 Auer: Mëttegiessen bei der Sportshal & Startschoss vum Rallye pédestre (den Tour vum Rallye ass mat der Kannerkutsch befuerbar)
- 13:00 Auer Dekanatsspill fir déi 7 Landjugendgruppen
- Nomëttes Animatioun fir Grouss a Kleng, Concert vun der Ouljer Musek, Kaffi a Kuch
- 22:00 Auer Präisverdeelung an Ofschlossbal mat Nightlife DJ‘s
Gemeng Biekerech – Um Wee zur Energieautarkie
D'Gemeng Biekerech ass mat hiren 8 Dierfer am Weste vum Land un der belscher Grenz situéiert a gehéiert zum Kanton Réiden. Kuerz virun der franséischer Revolutioun am Joer 1795 krut Biekerech de Statut vun enger Gemeng zougesprach.
Ewéi déi meescht Gemengen aus dem Norden a Weste war och Biekerech virun allem duerch landwirtschaftlech an handwierklech Aktivitéite geprägt. Bekannt am ganze Land woren am 19. Jorhonnert d'Biekerecher Kuerfmécher, déi mat groussem handwierkleche Kënnen aus de Weiden beim Milleweier héichqualitativ Kierf hirgestallt hunn. Eng Kappweid am Logo vun der Gemeng Biekerech erënnert nach hautdesdaags un déi vergaangen Handwierkskonscht.
Mam Opkomme vun der Stolindustrie am Minette am Ufank vum leschte Jorhonnert, huet de Stellewäert vun der Landwirtschaft an der Regioun lues awer sécher ofgeholl. Mam Ënn vun der Schmuelspuer-Eisebunnslinn „Prince Henri“ am Joer 1969 gouf den Aarbechtswee fir d'Biekerecher Schmelzaarbechter eng Zoumuddung, sou datt d'Gemeng an den nächsten zwou Dekaden ee regelrechten Exodus kënnegeléiert huet. Vun 1910 bis 1981 hat d'Gemeng Biekerech 30% vun hirer Populatioun verluer.
Mat der Grënnung vun der „EauxMinérales de Beckerich“ 1985 huet sech déi finanziell Situatioun vun der Gemeng erholl, wat deWee opgemaach huet fir eng staark Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun de Biekerecher Bierger. Klima- a Naturschutz krute Mëtt der 90er Joren eng zentral Bedeitung an der Gemengepolitik. A ville Projeten huet Biekerech als Grënnungsmember vum Klimabündnis Lëtzebuerg eng Pionéierroll am Land gespillt, sou z.B. 2004 bei der Installatioun vu gemeinschaftleche Photovoltaikanlagen op kommunalen Diech. Dat selwecht Joer wor de Start vum Fernwärmenetz, deen op den haitegen Datum 50% vu den Dierfer aus der Gemeng mat Hëtzes aus erneierbaren Energien versuergt.
Als staarke Partner bei der Energieproduktioun huet sech eng Kooperativ vun 19 Bauere gegrënnt, déi eng Biogasanlag op Méimerech mat enger Leeschtung vun 600 kW selwer finanzéiert hunn. 3 Joer drop wor d'Nofro no der lokal produzéierter Wäermt bei de Bierger esou gewuess, datt d'Gemeng gefuerdert war, dës Demande mat enger Holzhackschnitzelanlag vun 2 MW ze decken. 2015 gouf ee weideren Holzuewen mat 2 MW opgeriicht, fir och an Zukunft de Bierger genuch Wäermt kënnen ze garantéieren.
Dës Engagementer hunn dozou gefouert, datt Biekerech 2015 mat 3 weidere Lëtzebuergesche Gemengen zu Leipzig fir hir ausseruerdentlech Leeschtungen am Klimaschutz mam internationale Präis „European Energy Award“ ausgezeechent ginn ass. Eng weider wichteg Auszeechnung kruten d'Biekerecher Bierger schonn 1996 fir hir jorelaang Beméiungen an der ländlecher Entwécklung, den europäeschen Duerferneierungspräis. Ee Präis, deen d'Gemeng Biekerech als eenzeg Lëtzebuerger Gemeng 2 mol krut huet. Dëst fir d'lescht 2014 zesummen mat den 9 weidere Gemengen aus dem Kanton Réiden.
D'Zesummenaarbecht tëschent den 10 Gemenge vum Réidener Kanton gouf an deene leschten 20 Joer zum Pilier vun der Entwécklung am Westen. Een Altersheim, eng Schwämm, eng Museksschoul zwou Industriezone konnten nëmmen zesumme realiséiert ginn. Initiativen, wéi déi éischt Energieberodungsstell aus dem Land an eng regional Aarbechtsbeschafungsinitiativ fir Jonker sinn 2 weider erfollegräich Beispiller,
wéi Innovatioun duerch Kooperatioun geschafe gëtt.
D'Gemeng Biekerech huet eng rasant Entwécklung an de leschten 30 Joer erlieft. Dës Entwécklung duerch déi sëlleche Projeten an der Gemeng an am Kanton gëtt och an den nächste Jore weidergedriwwen, dëst mam kloren Zil vun der Energieautarkie bis 2030.