Allgemeng Regelen um Site
- D’Elteren haften fir hier Kanner.
- D’Jongbaueren a Landjugend Zenter a.s.b.l., am Folgenden als „Organisateur“ genannt, huet den Dag vum Event selwer op der Organisatiounsplaatz d’Hausrecht.
- Den Organisateur huet keen Afloss op den Inhalt an op d’Lautstärkt vun dem Event.
- D’Matbréngen vun Glasbehälteren, Dousen, pyrotechneschen Géigestänn, Fackelen sou wéi Waffen ass verbueden. Bei Nit-Befollegen vun dëse Regelen gëtt een Hausverbuet erdeelt.
- Selwer grillen ass verbueden, an den Organisateur behält sech d’Recht fir bei Verstoussen vun dëser Regel een Hausverbuet ze erdeelen.
- Bei Betrieden vun der Organisationsplaatz sinn d’Regelen ze beuechten, wéi och d’Uweisungen vum Organisateur ze befollegen. D’Regelen, un déi een sech halen soll, hänken den Dag selwer aus.
- D’Betrieden vun der Rennstreck, vum Fahrerlager souwéi d’Ofsperrungen ze mëssuechten a.s.w. ass grondsätzlech ënnersoot. Bei Onbeuechten behält sech den Organisateur d’Recht fir, fir déi Leit vun der Plaatz ze verweisen an een Hausverbuet fir deen Dag unzeuerdnen.
- Een Hausverbuet muss befollegt ginn an d’Organisationsplaatz ass direkt ze verloossen.